Um Enn vun dësem Summer hunn d'Kolleege vun RTL Infos sech mat der portugisescher Communautéit zu Lëtzebuerg beschäftegt.

Dat am Virfeld vun der Emissioun "Cosmopoly", déi dës Gemeinschaft méi genee ënnert Lupp hëlt.

D'Journaliste vun RTL Infos sinn op Bouneweg gaangen, fir do eng Bestandsopnam vun der Relatioun tëscht dem Grand-Duché a Portugal ze maachen.

Zu den éischte grousse Migratiounsbeweegungen vu Portugal op Lëtzebuerg kënnt et Enn den 1960er Joren. Dëst zu enger Zäit, wärend där den autoritäre Regimm, dee vum Antonio de Oliveira Salazar installéiert a vum Marcelo Caetano weidergefouert gouf, nach d'Muecht a Portugal huet.

Hei kënnt dir d'Emissioun iwwer d'Geschicht vun de Portugisen zu Lëtzebuerg nach eng Kéier kucken.

Dausende portugisesch Staatsbierger sinn deemools op Lëtzebuerg komm, fir hei hiert Gléck ze sichen. En Trend, dee sech onverännert fortsetzt. Dem Statec no ass déi portugisesch Diaspora mat 89.700 Membere bis haut déi gréissten am Land.

D'portugisesch Matbierger sinn zanterdeem e festen Deel vum Landschaftsbild an hir Integratioun schéngt ni zur Debatt gestanen ze hunn. Dëst vu béide Säiten: "Ech kéint net méi zeréck a Portugal liewe goen, mäin Häerz ass hei", bréngt eng Fra et vum Mikro un RTL Infos op de Punkt.

De komplette Reportage fannt Dir bei de Kolleege vun RTL Infos.