D'Lëtzebuerger Enseignantë verdéngen am EU-Verglach am meeschten

© Envato
D'Ënnerscheeder an de Paie vun den Enseignantë bannent der EU sinn impressionant.
Wien als Beruff jonke Leit eppes wëll bäibréngen, dee mécht dat, op d'mannst aus engem finanzielle Point de vue, besser zu Lëtzebuerg ewéi a Bulgarien. Wéi aus de leschte Chiffere vum Netzwierk "Eurydice" vun der EU-Kommissioun ervirgeet, läit d'Astigsgehalt vun engem Lëtzebuerger Proff am Schnëtt bei 89.794 Euro. Dat vu sengem bulgareschen Aarbechtskolleeg am Verglach dogéint bei nëmmen 11.369 Euro. Och wann een déi méi deier Liewenskäschten a Rechnung stellt, lount sech den Enseignantsberuff zu Lëtzebuerg wuel méi ewéi a Bulgarien.
Enseignéiere lount sech also zu Lëtzebuerg. Dat beleeën och d'Zuelen, déi d'Kolleege vun RTL Infos beim Educatiounsministère nogefrot hunn: En Enseignant an engem Lycée verdéngt hei am Land um Ufank vu senger Karriär, nom Enn vum Stage vun zwee Joer brutto 7.913,57 Euro de Mount.
Wat d'Situatioun an den Nopeschlänner ugeet, kommen d'Enseignanten an Däitschland mat engem Joressalaire vu 66.563 Euro am noosten vun den Niveau vun hire Lëtzebuerger Kolleegen erun. An der Belsch hänkt de Salaire vun den Enseignantë vun der Regioun of: Am däitschsproochegen Deel ginn et 51.165 Euro d'Joer, an der Wallonie 44.894 Euro an a Flandern 40.062 Euro. Am schlechste kommen d'franséisch Lycéesproffen ewech. Hir Pai läit bei 34.838 Euro d'Joer.
Am Verglach mat de Liewenskäschte kommen déi däitsch Proffen am beschten ewech
Wann een d'Pai a Relatioun mat de Liewenskäschte setzt, sinn d'Lëtzebuerger Lycée Enseignanten iwwerdeems nëmmen op der zweeter Plaz an der EU. Hei leien déi däitsch Proffen op der éischter Plaz.