Aacht Blesséierter gouf et an de leschte Stonne bei Verkéiersaccidenter.

Den 112 mellt zwee Blesséierter bei engem Accident tëscht zwee Autoe géint 12.30 Auer tëschent Bous an Éiter. Géint 14.15 Auer ass ee Camion an der Rue du Crassier zu Esch ëmgekippt. Hei gouf eng Persoun verwonnt.

Ee Blesséierte gouf et och géint 14.30 Auer op der Autobunn A3 Richtung Frankräich, wou direkt e puer Gefierer anenee gerannt sinn. Um 15 Auer sinn zwee Autoen zu Hengescht op der Haaptstrooss kollidéiert. Hei ginn et zwee Blesséierter.

Zur selwechter Zäit gouf och zu Nidderkäerjeng een Automobilist verwonnt, hei gouf den automateschen eCall declenchéiert. A géint 16.45 Auer ass een Auto an ee Bam gerannt tëschent Héiweng a Féngeg. Eng Persoun gouf blesséiert.