Spiller, gutt Ambiance an eppes z’iessen, dovunner konnten en Dënschdeg och d’Beneficiairë vun der "Stëmm vun der Strooss" profitéieren.

220 Leit vun Ettelbréck, Hollerech an Esch hate sech um 12 Auer Rendez-vous ginn um Glacis. Fir e puer Stonnen d’Problemer aus dem Alldag ze vergiessen a sech op der gréisster Kiermes aus der Groussregioun z’amuséieren: Déi Geleeënheet gëtt d’Stemm vun der Strooss deenen, déi sech esou een Ausfluch am Normalfall net hätte kënne leeschten.

D’Stëmm vun der Strooss organiséiert dësen traditionellen Ausfluch zanter den 90er Joren. All Joer op en Neits ass et e grousse Succès bei de Beneficiairen:

"C’est génial, c’est une journée de repos, après le travail, c’est convivial c’est bien on voit plein de monde, c’est génial il y a de manèges, de gens, c’est impeccable."

"Ma dat war schéin, well ech hat gëschter Gebuertsdag ech sinn 69 Joer all ginn, a wa mer d’Stëmm net hätten, da géing dat net goen."

"Ech fannen dat super. Ech si frou dass et d’Stëmm gëtt, well ouni d’Stëmm hätte vill aarm Leit keng Perspektiv méi an d’Stëmm erméiglecht ons alleguerten, dass mer kënne mol sou Deeg erliewen, wéi hei."

Vun den 220 Leit duerft jiddereen op dräi Spiller, dat ganzt huet d’ASBL 5.000 Euro kascht.

"Sou Deeg wéi d'Fouer oder sief et elo Halloween oder Karneval, déi extra Deeg, déi finanzéiere mer iwwer Donen. Dat heescht d’Donen, déi mer rakréien, déi ginn da benotzt, fir méi speziell Aktivitéiten ab un zu z’organiséieren. An do gehéiert d’Fouer eben och dozou", erkläert de Bob Ritz, Chargée de communication bei der Stëmm vun der Strooss.

Um 15.30 Auer goung et dunn an de Restaurant. Zwee Restaurateure bidden dëse Mënschen eng waarm Moolzecht op der Schueberfouer un. Fir ee vun hinnen ass et dat 10. Joer um Stéck, wou hien dobäi ass. Iessen an drénken, ouni mussen ze bezuelen. Iergendeen muss awer fir d’Käschten opkommen, ma d’Restaurateure maachen dat gären:

"Et ass jo fir e gudden Zweck, dofir kuckt een heiansdo net direkt nom Finanziellen. Et ass jo eng Selbstverständlechkeet dass een do eng Hand upeekt. E klengen Deel gëtt scho vun der Stëmm vun der Strooss bezuelt, mee de Gros ass vun de Restauranten iwwerholl."

Eng nei Reegel dëst Joer ass, datt jiddereen dee matgeet op mannst zweemol zanter dem Ufank vum Joer bei der Stëmm muss giess hunn, fir z’evitéieren dass d’Leit vun esou Occasioune profitéieren.