Groussen Anniversaire: 65 Joer fräi Zirkulatioun vu Persounen am Benelux-Raum

D'Premierministere Bart De Wever (B), Luc Frieden an Dick Schoof (NL) bei engem Benelux-Sommet zu Senningen am März 2025. / © Photo by VIRGINIE LEFOUR / BELGA MAG / Belga via AFP
Mat enger Feier op der Plëss markéiere Lëtzebuerg, Holland an d'Belsch e Freideg den Anniversaire vun der fräier Zirkulatioun vu Persounen am Benelux-Raum.
D'Journée Benelux gëtt dëst Joer ënnert dem Zeeche vun engem wichtege Jubiläum gefeiert: viru 65 Joer ass d'fräi Zirkulatioun vu Persounen am Benelux-Raum agefouert ginn. Fir dëse Meilesteen ze commemoréieren, gëtt et e Freideg eng offiziell Zeremonie um 10.30 Auer op der Place d'Armes an der Stad, op déi de Public och invitéiert ass.
An der Invitatioun gëtt d'fräi Zirkulatioun am Benelux-Raum als "historesch Errongenschaft" an "d'Häerz vun der Kooperatioun tëscht Lëtzebuerg, Holland an der Belsch" bezeechent.
Un der Feier huelen eng Rei politesch Vertrieder deel, dorënner de Xavier Bettel a senger Roll als President vum Comité de ministres vun der Benelux-Unioun, an de Maurice Bauer, éischte Schäffen vun der Stad Lëtzebuerg. Mat dobäi ass och den Hollännesche Politiker Frans Weekers, de Generalsekretär vun der Benelux-Unioun.