Accidenter mat Blesséierten an der Nuecht op en Dënschdeg an en Dënschdegmoien

Am spéide Méindegowend an an der Nuecht op en Dënschdeg waren d'Rettungsekippe vum CGDIS nees wéinst Accidenter am Asaz.
Am spéiden Nomëtteg, kuerz no 18 Auer, ware jo op der N15 tëschent Feelen an Heischent eng Camionnette an en Auto aneneegerannt, woubäi fënnef Persounen ëm d'Liewe komm sinn. Méi dozou liest Dir hei.
Donieft gouf et awer nach zwee weider Accidenter, dat am spéiden Owend an an der Nuecht op en Dënschdeg.
Kuerz no 22 Auer hat e Motocyclist zu Luerenzweiler op der Lëtzebuerger Strooss eng Chute a gouf blesséiert. E weidere Blesséierte gouf et da kuerz virun 2 Auer moies an der Millebaacher Strooss an der Stad, wou zwee Autoen net laanschtenee komm sinn.
Weider Accidenter gouf et dann nach am Laf vun en Dënschdegmoien. Kuerz no 7 Auer war um CR325 vun Ierpeldeng a Richtung Draufelt en Auto mat engem wëllen Déier aneneegerannt. Hei gouf awer kee blesséiert.
Zu Bartreng, an der Lonkecher Strooss, hat dann e weidere Motocyclist eng Chute a gouf blesséiert, dat géint 9.16 Auer.
Eng gutt Stonn méi spéit waren dann zwee Autoen um Belair an der Avenue Gaston Diederich aneneegerannt, och hei ass eng Persoun blesséiert ginn.