Auto am Gruef um CR102, Chauffer rennt zu Rodange a geparkte Gefierer

Um fréien Donneschdegmoie gouf et zwee Asätz fir d'Rettungsekippe vum CGDIS.
Sou zum Beispill um 2.46 Auer um CR102 tëschent Dippech a Mamer, wou en Automobilist am Gruef gelant war. Blesséiert gouf en dobäi awer net. D'Secouriste vu Mamer an Dippech waren op der Plaz.
Eng Stonn méi spéit hunn d'Rettungsekippe vun Esch a Péiteng an der Lonkecher Strooss zu Rodange mussen intervenéieren. Hei war en Auto an eng Rei geparkte Gefierer gerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert, wéi aus dem Bulletin vum CGDIS ervirgeet.
Am Nomëtteg war et géint 16.15 Auer en Accident tëscht Fëschbech an Hengescht. D'Ambulanz vun Ëlwen an d'Pompjeeë vu Klierf waren op der Plaz. Eng Persoun koum blesséiert an d'Spidol.