Fra krut Handy aus der Hand gerappt a Permise wéinst ze vill Alkohol agezunn

© RTL Archiv
En Donneschdeg respektiv an der Nuecht op e Freideg war d'Police ënnert anerem wéinst engem Iwwerfall a wéinst e puer alkoholiséierte Chaufferen am Asaz.
Wéi d'Police schreift, wier hinnen en Donneschdeg den Owend en Iwwerfall an der Rue Alphonse Weicker um Kierchbierg gemellt ginn. Deemno wier e Mann op eng Fra op engem Busarrêt duergaangen, hätt hir den Handy aus der Hand gerappt a wier geflücht. Eng Sich nom Täter hat keen Erfolleg, wéi d'Police schreift. Et wieren Ermëttlunge lancéiert ginn.
Permise wéinst ze vill Alkohol agezunn
Donieft waren e puer Automobiliste wéinst hirer Fuerweis opgefall.
Kuerz no Mëtternuecht wier eng Patrull op der A6 a Richtung Arel op e Chauffer opmierksam ginn, deen a Schlaangelinnen an immens lues gefuer ass. Bei enger Kontroll op der Héicht vun der Aire de Capellen huet sech erausgestallt, datt d'Fra ze vill gedronk hat. Si krut e provisorescht Fuerverbuet.
Kuerz drop wier iwwerdeem en Auto op der Héicht vun der Schanz wéinst sengem Fuerstil gemellt ginn. De Chauffer vun dësem Gefier konnt kuerz Zäit drop op der N11 net wäit vum Méchelshaff gestoppt ginn. Och dësen hat definitiv ze vill gedronk. Den Alkoholtest war positiv an de Permis gouf agezunn.
Eng weider Persoun huet missen de Fürerschäin ofginn, wéi dëse géint 1.30 Auer an der Route du Vin zu Mäertert kontrolléiert gouf an och hei den Alkoholtest positiv war.
Quasi zäitgläich gouf nach en Automobilist op der A7 a Richtung Norde gemellt, deen a Schlaangelinne gefuer ass. Eng Patrull konnt de Chauffer zu Colmer-Bierg lokaliséieren a stoppen. Och an dësem Fall war den Alkoholtest esou héich ausgefall, datt de Permis huet missen agezu ginn.