De Karschnatz fält gutt aus, mee d'Präisser bereede grouss Suergen

© MA
De Karschnatz ass dëst Joer gutt ausgefall, dee Bilan gouf e Freideg op den traditionellen "Erntegespräche" bei der Bauerekooperativ BAKO zu Housen gezunn.
Esouwuel mat Bléck op d'Quantitéit wéi bei der Qualitéit géing een iwwert dem Duerchschnëtt leien. Och wann d'Wieder ganz wiesselhaft gewiescht wier, hätt een awer Chance gehat, datt et ëmmer zum richtegen Zäitpunkt gepasst hätt. Dee grousse Bémol wier awer de Präis, wéi d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen ënnerstrach huet.
"D'Präisser sinn definitiv miserabel schlecht. Se si schlecht a well d'Produktiounskäschte bëssi manner héich si wéi déi lescht Joren ass den Defizit bëssi manner grouss, mee trotzdeem, wann ech déi normal Käreproduktioun kucken, Weess, ass se net käschtendeckend gewiescht. An dat musse mer eis virun Aen halen an dat ass een Argument, dat mer all deene Leit kënne soen, déi meckeren, well d'Bauere Flächeprimme kréien. Ma wa mer keng Flächeprimmen hätten, da wieren all déi Baueren, déi dat dote produzéieren, definitiv am Minus."
Dowéinst wier et wichteg, datt am europäesche Budget weider genuch Sue fir d'Bauere virgesi ginn. Eng Verbesserung vun de Präisser wier wéinst der Situatioun um Weltmarché nämlech nach esoubal net ofzegesinn.
Den Direkter vun der Lëtzebuerger Saatbaugenossenschaft Steve Turmes huet de Verlaf vum de Wiedersituatiounen zanter dem leschten Oktober nach gutt am Kapp.
"Et ass zwar réischt Enn Oktober gutt ginn, fir anstänneg kënnen ze séien, do ware verschiddener, déi du scho fir d'zweet geséit hunn. De Wanter war mëll, an dat gesäit een déi lescht Joren, datt et eng laang Wuesstemsperiod ass, bis esouguer an den Dezember ran, wou et nach wiisst dobaussen. Den Hierscht war naass, mir hunn eis leschten Hierscht nach alleguerten doriwwer opgereegt, datt et naass war, ma ech muss soen, zum Gléck war et dësen Hierscht naass, well soss wiere mer net sou duerch d'Joer komm, well et huet Waasserreserve gebilt. D'Fréijoer war dréchen, dat heescht mir haten eng gutt Wuerzelbildung, d'Wuerzele sinn dem Waasser, wat lues a lues no ënne gaangen ass, nogewuess."