Den Entrepreneur Tragec vu Miersch wäert deemnächst zouspären
© RTL Grafik
D'Firma gëtt et zënter 50 Joer. Si ass op Voirie an Aménagement extérieur spezialiséiert, schafft also virun allem am Déifbau.
Eng Vente oder Reprise vun den Aktivitéiten ass net virgesinn.
Déi Responsabel vun der Firma Tragec Exploitation soten eis op Nofro hin, datt virun allem gekuckt gouf, fir eng Léisung fir d'Personal fannen. An deem Sënn huet den Entrepreneur Karp-Kneip 47 Mataarbechter eng Offer gemaach, fir si ze iwwerhuelen.
Um Dënschdeg war eng Reunioun, bei där d'Leit Kontrakter proposéiert kruten.
Verschidden Tragec-Salariéen hu bei Karp-Kneip ënnerschriwwen, anerer net, oder nach net.
Am Moment ass een also an enger Iwwergangs-Phas. Bis op Weideres existéiert d'Firma Tragec och virun an d'Chantiere wäerten ofgeschloss ginn, heescht et vun de Responsabelen.
Am Ganze schaffe bei der Traditiouns-Firma Tragec knapp 60 Leit.