Et war awer och d'Informatioun, datt d'Zuel vun Asyldemandeuren, déi eng Aarbechtsgeneemegung kritt hunn, eropgaange sinn.

Asyldemandeure kënne sech net als Chômeur bei der ADEM umellen. Allerdéngs kënnen Employeuren, déi interesséiert sinn, eng Autorisatioun ufroen, fir en Asyldemandeur temporär ze beschäftegen. 
 
D’Zuel un Autorisatiounen ass déi lescht Joren e bësse geklommen, well d’Regierung d’Prozeduren deels vereinfacht huet. Am Joer 2023 kruten 170 Asyldemandeuren eng temporär Autorisatioun, fir ze schaffen. Dat lescht Joer waren et der 358 an dëst Joer scho 463: Dat huet den Aarbechtsminister Georges Mischo der Chamber matgedeelt, no enger Fro vun der DP-Deputéiert Corinne Cahen.
 
Si huet och gefrot, ob d’Formatiounsméiglechkeete fir Asyldemandeuren iwwer d'Botz- an d'Kichen-Aarbecht erweidert géinge ginn. De Minister sot, et géing an engem Pilotprojet gekuckt ginn, méi Secteuren eranzebréngen. Wéi eng aner Secteuren dat wieren, gouf een net gewuer.