Géint suspendéierten Direkter vu Clierfer Lycée gëtt ermëttelt
                    Wéi de Parquet vun Dikrech matdeelt, goufe virleefeg Ermëttlunge géint de suspendéierten Direkter vum Clierfer Lycée Edward Steichen opgeholl.
Am Raum sti Virwërf vu Verstéiss géint d'Toxikomaniesgesetz. An deem Kader goufen den 19. Oktober Perquisitiounen am Privathaus vum suspendéierten Direkter Jean Billa, genee wéi och am Lycée selwer, gemaach. D'Resultater vun dësen Duerchsichunge ginn den Ament nach ausgewäert.
Wéi de Parquet matdeelt, goufen am Kader vun den Ermëttlungen awer eng Rei Waffen a Munitioun fonnt, déi doropshi saiséiert goufen. Et géif Hiweiser ginn, datt hei ee méigleche Verstouss géint d'Waffegesetz kéint virleien. Och de Verdacht, datt de Jean Billa ëffentlech oder privat Suen detournéiert kéint hunn, gëtt ënnersicht. An deem Kader gouf et weider Perquisitiounen de 27. Oktober an den 2. November.
De Parquet verweist a sengem Communiqué op d'Présomption d'innocence.
Wuel dräi Verwarnungen am Virfeld
De 16. Oktober dierft d'Personal vum Clierfer Lycée net schlecht gestaunt hunn. Op deem Dag waren nämlech Beamte vum Educatiounsministère an den héijen Norde komm, fir den Direkter Jean Billa aus dem Gebai ze begleeden. Hie gouf suspendéiert an et gouf eng disziplinaresch Prozedur an d'Weeër geleet. Verschidden Elementer goungen un de Parquet.
De suspendéierten Lycéesdirekter gëtt vum Maître Becker vun Dikrech vertrueden. Dat huet de Jean Billa RTL en Dënschdeg op Nofro hi matgedeelt. En Dënschdeg huet de Jean Billa dann och mat sengem Affekot doriwwer beroden, ob a wéini hie mat der Press schwätze soll.
Ma déi Decisioun läit net eleng beim Jean Billa selwer. Well hien nach ëmmer Fonctionnaire ass, muss de Ministère him fir d'éischt d'Erlabnis ginn, iert hie sech an de Medien zu Wuert mellt. Vu Mataarbechter aus dem Clierfer Lycée gëtt iwwerdeems kritiséiert, datt verschidde Politiker scho länger vu Probleemer gewosst, awer näischt ënnerholl hätten.
Mir krute vum Educatiounsministère indirekt confirméiert, datt de Jean Billa a senger Zäit als Direkter vum Lycée Edward Steichen dräi Mol verwarnt gouf. Interessant ass virun deem Hannergrond, datt de Jean Billa RTL-Informatiounen no eng DP-Parteikaart soll hunn. Dorobber ugeschwat, war den DP-President Lex Delles ganz kuerz gebonnen. Hie géing net soen, wie Member, a wien net Member vu senger Partei wier.
Aktuell ass iwwregens de Max Wolff Direkter faisant fonction am Lycée Edward Steichen. Op RTL-Nofro hin huet hien erkläert, datt an der Schoul, déi zur Rentrée 2018 hir Dieren opgemaach hat, weider normal geschafft géing ginn.
De Communiqué vum Parquet
Communiqué du parquet de Diekirch en relation avec des infractions pénales reprochées au directeur du Lycée Edward Steichen à Clervaux(14.11.2023)
Suite à une première dénonciation officielle émanant du ministère de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse, le parquet de Diekirch a procédé à une enquête préliminaire à l'encontre de Monsieur Jean BILLA, directeur actuellement suspendu du Lycée Edward Steichen à Clervaux, des chefs d'éventuelles infractions à la loi modifiée du 19 février 1973 concernant la vente de substances médicamenteuses et la lutte contre la toxicomanie.
Dans ce cadre, des perquisitions ont été opérées le jeudi 19 octobre 2023 par le service décentralisé de la police judiciaire Nord, sections stupéfiants, au domicile privé de la personne visée et au Lycée Edward Steichen à Clervaux. Le résultat de ces perquisitions est en cours d'exploitation.
Plusieurs armes des catégories A et B (armes et munitions prohibées/armes et munitions soumises à autorisation) ont pu être trouvées et saisies. Il existe des indices quant à d'éventuelles violations des dispositions de la loi du 2 février 2022 sur les armes et munitions.
Suite à une deuxième dénonciation officielle de la part du ministère de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse, une instruction judiciaire a été ouverte le 25 octobre 2023 du chef, entre autres, de détournement de deniers publics ou privés.
Des perquisitions ont alors été opérées en date des 27 octobre et 2 novembre 2023 sous la direction du juge d'instruction par la section infractions économiques et financières de la Police judiciaire Nord, au domicile de Monsieur Jean BILLA et dans les locaux du Lycée Edward Steichen à Clervaux.
L'instruction, à charge et à décharge, suit son cours.
Le principe de la présomption d'innocence est rappelé.