De Jean Billa mellt sech zu WuertSuspendéierte Lycéesdirekter weist Reprochen zeréck

Marc Hoscheid
Zanter ronn engem Mount ass den Direkter vum Clierfer Lycée Edward Steichen suspendéiert.

Nieft enger disziplinarescher Prozedur enquêtéiert och de Parquet, dat wéinst dem Verdacht op illegale Waffebesëtz, Verstéiss géint d’Drogegesetzer an dem Detournement vu privaten oder ëffentleche Suen.

Elo huet de Jean Billa iwwert säin Affekot matgedeelt, datt hien déi Reproche formell zeréckweist. Hie wéilt sech am Kader vun de Prozeduren, déi aktuell lafen, verdeedegen. Am Schreiwes gëtt zudeem kritiséiert, datt an der Press deels Detailer ze liese waren, wou dach am Fong de secret de l’instruction gëlle géing. Doduerch géing den Androck entstoen, säi Mandant wier schëlleg. Op dëser Plaz sief dann och nach eng Kéier op d’Présomption d’innocence higewisen.

Méiglech Verstéiss géint Drogen- a Waffe-Gesetzer: Géint suspendéierten Direkter vu Clierfer Lycée gëtt ermëttelt (14.11.2023)
Educatiounsministère bestätegt: Den Direkter vum Clierfer Lycée ass bis op Weideres fräigestallt ginn (23.10.23)

Back to Top
CIM LOGO