"Et gouf kee Gewurschtels beim Fonds du logement"
                    Dee Message gëtt den zejoert ofgesate President vum Fong, den Daniel Miltgen, dem Premier Xavier Bettel an engem Bréif mat op de Wee.
Den Daniel Miltgen baséiert sech an engem Bréif, deen RTL virläit, op déi rezent Publikatioun vum Rapport a vun de Konte vum Joer 2014.
"Déi géingen eng ganz aner Sprooch schwätzen, ewéi d'Regierung."
De fréiere Staatssekretär an haut Minister am Logement, Marc Hansen, hätt zejoert d'Reform vum Fong ënnert anerem domatter begrënnt, datt dat Gewurschtels misst ophéieren, datt et eng schlecht Gestioun gi wier, an datt eng zweet Affär Miltgen misst evitéiert ginn.
D'Publikatioun vum Rapport a vun de Konte vum Joer 2014 - e Joer an deem den Daniel Miltgen nach d'Responsabilitéit hat - géingen d'Argumentatioun vu Säite vun der Regierung kloer widderleeën, esou de fréiere President vum Fonds du logement.
D'Bilanszomm zum Beispill wier 2014 eropgaangen a beim Benefice wier et par Rapport zum Joer virdru souguer eng massiv Hausse ginn, esou den Daniel Miltgen am Bréif. 9 Chantiere fir am Ganzen 81 Wunnunitéite wieren an deem Joer clôturéiert ginn. 5 Projete fir 103 Wunnunitéite wieren dat Joer amgaange gewiescht, realiséiert ze ginn a 6 nei Projete fir 172 Logementer ze schafen, hätten am Joer 2014 demarréiert.
De fréiere President pickt, eegen Aussoen no, just e puer Chifferen eraus, déi géinge beweisen, datt 2014 beim Fong alles anescht ewéi schlecht geschafft gouf.
Am Schreiwes un de Premier gëtt weider drop higewisen, datt de Bilan vum Joer 2014 deen éischten zënter 36 Joer wier, deen net an der Press publizéiert gouf, et pour cause, mengt de fréiere President. Ëmmerhinn hätten déi haiteg Responsabel vum Fong bei där Geleeënheet, d'Argumenter déi zu der Revocatioun vum Daniel Miltgen gefouert hätten, offiziell misste widderleeën.
Am Mäerz 2015 hat déi deemoleg Logementsministesch Maggy Nagel den Daniel Miltgen als President vum Fonds du logement ofgesat. Eng Revocatioun, déi fir de Concernéierten op Basis vun onbegrënnten an arbiträr, voire falsche Behaaptunge geschitt ass, esou schreift hien et am Bréif un de Premier.
PDF: De Bréif vum Daniel Miltgen un de Premier Xavier Bettel (25.1.16)