D'Ministesch war en Donneschden de Moien an d'Logementskommissioun, fir d'Deputéiert doriwwer z'informéieren.

"Eng couragéiert Decisioun", d'Ministesch hätt "dat eenzegt Richtegt" gemaach: D'Deputéiert aus de Koalitiounsparteien hunn d'Ministesch Maggy Nagel no der Logementskommissioun fir hir Decisioun felicitéiert, den Daniel Miltgen vun senge Funktiounen ze entbannen. Anescht awer d'Oppositiounsparteien: Fir d'CSV koum de Betraffene selwer net genuch zu Wuert. Den Daniel Miltgen wier wéinst engem perséinleche Jugement vun der Ministesch ofgeseet ginn. An den Justin Turpel vun "Déi Lénk" geet esouguer sou wäit ze behaapten, d'Regierung géif ee schwaarzt Schof sichen, fir vun den eigentleche Problemer am Logement ofzelenken.

Den Affekot vum Daniel Miltgen, de Jean-Marie Bauler, huet ugedeit, datt den Daniel Miltgen d'Decisioun wuel net op sech sëtze léisst a se virum Verwaltungsgeriicht ufecht.

D'Vertraue wier einfach fort gewiescht, sou d'Ministesch. Et wier ugaangen mat enger Situatioun, déi net méi an der Rei war an der Comptabilitéit vum Fong. Et ass eng Konventioun opgedaucht vun engem gréissere Projet, wou Douten do sinn, wou och eng Plainte géint X gemaach gouf. An enger zweeter Saach iwwer d'Engagementer vum Fong an enger Konventioun wieren och all Piècen un de Parquet weidergaangen.

AUDIO: D'Maggy Nagel (1)

D'Ministesch huet awer e puer mol betount, datt d'Conventioun tëscht dem Fonds de Logement an der Sociétéit Livingroom S.A. net den eigentleche Grond fir d'Revocatioun wier. Dat wier nach eng "Affaire à part". D'Conventioun wier just - wéi vill aner Saachen - ze spéit vum Daniel Miltgen kommunikéiert ginn. Nëmmen ee vu ville Reprochen a Kritiken, déi an der lescht "public" gemaach goufen. Ma wéi geet et dann lo mam Daniel Miltgen weider? Hie bleift Premier Conseiller an der Regierung, awer net méi am Logementsministère aus verständleche Grënn.

AUDIO: D'Maggy Nagel (2)

Eng "Affaire disciplinaire" brauch de "Premier conseiller de gouvernement" deemno net ze fäerten. Den annoncéierten Audit soll sech dann och net méi op d'Persoun concentréieren, mee op d'Zukunft vum Fonds de Logement. Et wéilt ee rëm méi aktiv ginn am Wunnengsbau, sou d'Maggy Nagel. An dat mat enger neier PresidentIN un der Spëtzt. D'Ministesch huet dem Regierungsrot eng Mataarbechterin aus dem Logementsministère proposéiert. Den Numm wollt d'Maggy Nagel awer nach net verroden.

Am Regierungsrot e Mëttwoch gouf decidéiert, den Daniel Miltgen vu senge Funktiounen als President vum Fonds du Logement an dem Fonds d'Assainissement vun der Cité Syrdall z'entbannen. Den Här Miltgen selwer gouf e Mëttwoch vun der Logementsministesch iwwert dës Decisioun an d'Bild gesat.

Dem héije Beamte ware jo e Manktem un Transparenz a Kommunikatioun reprochéiert ginn, jo esouguer eng Impressioun, datt et keng Direktioun, kee Leadership am Fong géif ginn, hat d'Ministesch an hirem Recommandé vum 6. Mäerz notéiert.

Communiqué (19.03.2015)

Maggy Nagel a informé le personnel du Fonds du logement sur la situation actuelle (19.03.2015)

 

La ministre du Logement a informé ce matin le personnel du Fonds du logement sur les changements actuels. Lors de cette réunion d’information dans les locaux à Gasperich, la ministre a annoncé au personnel la révocation de Daniel Miltgen en tant que membre et président du comité-directeur.

 

La ministre a rassuré le personnel quant au futur du Fonds du logement. Un nouveau président sera nommé dans les plus brefs délais. Dès la finalisation de l’audit interne une réforme du Fonds du logement sera entamée. La ministre s’est montrée ouverte à tout échange avec le personnel et sa délégation.

 

Maggy Nagel verra dans les jours à venir le comité directeur du Fonds du logement ainsi que le comité directeur du Fonds d’assainissement de la cité Syrdall.

  

Communiqué par le ministère du Logement

 

Communiqué (19.03.2015)

Changement au Fonds du logement (19.03.2015)

Le gouvernement, réuni hier en conseil, a décidé de révoquer Daniel Miltgen en sa qualité de membre et président du comité-directeur du Fonds du logement ainsi qu’en sa qualité de membre et président du Fonds d’assainissement de la cité Syrdall. La ministre du Logement, Maggy Nagel, a informé personnellement hier après-midi Daniel Miltgen de la décision du gouvernement.

M. Miltgen étant toujours 1er conseiller de gouvernement au ministère du Logement, la ministre, après consultation du gouvernement, lui a proposé une nouvelle tâche.

Ce matin la ministre a aussi informé la commission du Logement de la Chambre des députés concernant la révocation de Daniel Miltgen. Elle a aussi prévu des entrevues avec le comité-directeur et le personnel dans les jours à venir.

Le gouvernement va procéder à la nomination d’un nouveau président du Fonds du logement dans les meilleurs délais. Il est à rappeler que l’audit organisationnel, fonctionnel et financier du Fonds du logement est toujours en cours. Dès que les conclusions sont prêtes, une réforme du Fonds du logement sera entamée dans un esprit d’équipe. La ministre tient aussi à réitérer sa confiance envers toute l’équipe du Fonds du logement.

Communiqué par le ministère du Logement