Den Incident en Donneschdeg den Owend um Findel hat gréisser Repercussiounen op de Fluchtrafic.

Accident mat Sportfliger um Findel

Eng Sportsmaschinn war accidentéiert a well et awer eng Zäitche gedauert hat, bis d'Start- a Landebunn rëm fräi war, haten eng Partie Flich Retard oder hu ganz mussen annuléiert ginn. Ee Sportfliger, deen an der Belsch ugemellt ass, sollt géint 19 Auer um Findel landen, ma d'Fuerwierk hat sech awer net rausgefuer, sou datt d'Maschinn mam Bauch op der Pist gelant war, do eng 500 Meter gerutscht a relativ zentral op der Runway un d'Stoe komm war.

Déi zwou Persounen u Bord goufen dobäi liicht blesséiert a si fir eng Kontroll an d'Spidol komm. RTL-Informatiounen no war d'Maschinn aus der Belsch aus private Grënn op Lëtzebuerg geflunn a bei der Landung ass et dunn eben zum Accident komm.

Natierlech hat dat Ganzt Repercussiounen op de Fluchtrafic um Findel. Vu lux-Airport heescht et, datt 14 Vollen annuléiert a 6 ëmgeleet goufen. Bis d'Piste rëm fräi war, hat et eng véier Stonne gedauert. Firwat dat net méi séier gaangen ass a firwat wärend der ganzer Zäit keng Fligere starten a lande konnten, erkläert de Generaldirekter vu lux-Airport, Alexander Flassak.

"Wir konnten die Runway nicht teilweise freigeben, sondern die musste bis zur Bergung des Flugzeuges komplett gesperrt bleiben. Zunächst erfolgte die Erstversorgung der Piloten, dann die Unfallaufnahme von Polizei, AET und den technischen Diensten und erst dann konnte der CGDIS das Flugzeug bergen. Und das hat dann eben inklusive der Runway-Inspektion, die dann erfolgt, und der Säuberung der Runway, insgesamt 4 Stunden gedauert."

Wat eleng d'Luxair ugeet, do hate siwe Flich Verspéidung a véier goufe ganz gestrach. Den Daniel Colling, operationellen Direkter bei der Luxair, iwwert de finanziellen Impakt vun deem Ganzen.

"Well et jo héijer Gewalt ass, fält den EU-261 an dësem Fall net un, dat heescht, déi Chiffere sinn Hotelsfraisen a soss variabel Fraisen, déi dann ufalen. Mee dat ass awer iwwerschaubar, ech géing soen an der Gréisstenuerdung vun 100.000 Euro an déi Leit, déi allgemeng impaktéiert waren, schätze mer op 1.130 Leit."

Souwuel bei lux-Airport wéi bei der Luxair hätt ee sech natierlech gewënscht, datt dat Ganzt méi séier iwwert d'Bün gaange wier, mee den Alexander Flassak ënnersträicht awer, datt all déi implizéiert Acteure gutt zesummegeschafft hätten an d'Sécherheet um Enn dat Wichtegst wier. Zum Schluss kann een nach soen, datt den Depannage vum Fliger duerch de CGDIS ronn eng Stonn gedauert hat, de Rescht waren Enquête a Botzaarbechten.