An der Nuecht op en Dënschdeg krut d'Police e Mann gemellt, deen an engem Appartement zu Esch seng Fra a säi Bouf menacéiert hätt.

Wéi et vun der Police heescht, hätt ee gesot kritt, dass de Mann si mam Doud menacéiere géif. Eng Patrull ass op d'Plaz gefuer an huet dee Verdächtegen am Appartement ugetraff. Op Uerder vum Parquet gouf eng Wegeisung ausgeschwat.
 
En Dënschdegnomëtteg krut d'Police da gemellt, dass de Mann sech trotz der Wegweisung nees am Appartementshaus zu Esch géing ophalen. Eng Patrull konnt hien op en Neits op der Plaz untreffen. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an hat e Mëttwochmoie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.
 
En Dënschdegowend krut d'Police iwwerdeems e Mann gemellt, dee sech an engem Café zu Esch géif donieft behuelen. Eng Patrull vun der Police ass op d'Plaz gefuer. Do hunn d'Beamten dann erausfonnt, dass de Mann trotz engem Fuerverbuet e puer Mol mat sengem eegenen Auto bei de Café gefuer ass. En Alkoholtest huet ausserdeem erginn, dass de Mann och den Ament selwer alkoholiséiert war. Et gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgestallt an de Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl. Hien koum e Mëttwochmoie virun den Untersuchungsriichter.