RTL Group huet zejoert een Nettogewënn vun 948 Milliounen Euro gemaach. Dat ass par Rapport zum Joer virdrun eng Hausse vu 37,4%.

Den EBITA, also de Gewënn virun Zënsen, Steieren an Ofschreiwunge louch bei 1 Milliard 152 Milliounen Euro. Dat ass carrément ee Rekord fir de Grupp a par Rapport zu 2012 eng Hausse vun 6.9%.