De But ass déi sozial Inclusioun, déi vun de Bierger aktiv matgedroe soll ginn. Info-Owend de 26. November am Hariko zu Bouneweg.

Oppent Haus - den Numm verréit et schonn: eng nei Plattform mat dësem Numm soll Refugiéen a vulnerabele Leit am Land hëllefen, en Doheem ze fannen. Et ass virop eng Sensibiliséierungscampagne, déi mat aneren Initiative wéi dem LISKO oder Cohabitage zesummeschafft.

De But ass déi sozial Inclusioun, déi vun de Bierger aktiv matgedroe soll a ka ginn.

E Projet deen ënnert anerem vum Marianne Donven entwéckelt gouf, well si fonnt huet, datt et eng Urgence wier ...

AUDIO: Open Home - Deel 1: Rep. Claudia Kollwelter

Am Hariko zu Bouneweg huet d'Marianne Donven Dag fir Dag mat Refugiéen ze dinn a weess doduerch natierlech och, wéi schwéier et ass, aus dem Foyer erauszekommen an eng Wunneng ze fannen: Et géif awer vill Leit, déi Plaz hätten oder souguer frou wieren, een opzehuelen.

RTL

D'Marianne Donven

Mat der neier Plattform soll mol de Kontakt tëscht de Leit entstoen ...

Kritäre ginn et der net vill - en Zëmmer, wou d'Persoun liewe kann, muss een natierlech hunn, an e Buedzëmmer, dat een awer och deele kann. Fir d'Grënner vum Projet ass et virop eng mënschlech Approche.

D'Marianne Donven wier frou, wann d'Lëtzebuerger nach méi Solidaritéit weisen an hiert Haus opmaache géifen, well et kéint ee flott Experiencë maachen, dat wier eng Win-Win-Situatioun.

RTL

Eemol de Mount sollen d'Leit, déi um Open Home interesséiert sinn a Froen derzou hunn, sech elo mol treffen. Do geet et drëm, d'Leit ze motivéieren.

De Moment läit e grousse Fokus op de Refugiéen tëscht 18 an 25 Joer, déi géifen nämlech duerch de Filet falen - si kéinte sech deemno wéi net richteg op der Uni aschreiwen a wieren nach net al genuch fir den RMG.

Nieft de Problemer um Wunnengsmaart betount d'Marianne Donven awer och, datt wa privat Leit hir Diere géingen opmaachen, een d'Foyeren, déi komplett iwwerfëllt sinn, kéint entlaaschten.

RTL

Datt déi Iddi net just gutt kléngt, ma och a Realitéit funktionéiert, weist d'Beispill vum Pascal Clement a senger Fra, déi viru puer Méint decidéiert hunn, de Farit, en 23 Joer ale Flüchtling aus dem Afghanistan, bei sech doheem opzehuelen.

AUDIO: Open Home - Deel 2: Rep. Claudia Kollwelter

A vu vir eran war fir d'Koppel kloer, datt wann ee bei se wunne géing kommen, et drëm goe géing, déi Persoun z'integréiere bei sech doheem an hir ze hëllefen, hei zu Lëtzebuerg eens ze ginn. An dat huet och vun Ufank u gutt geklappt.

Dem Pascal Clement war et awer och wichteg, datt d'Situatioun fir de Farit an der Rei wier - an dee war richteg frou, mol nees e Raum fir sech ze hunn.

Et muss een sech awer och Zäit huelen: Dat wier wichteg, fir sech richteg kennenzeléieren.

Vun Ufank war et d'Zil, datt de Farit en Deel vun der Famill gëtt.

Och de Pascal Clement steet hannert der Plattform Open Home an deelt gär seng eegen Erfahrung, déi hie bis elo gemaach huet.

De 26. November invitéiert d'Initiativ "Oppent Haus" all Interesséiert an den Hariko zu Bouneweg fir en éischte Kontakt zu engem Refugié bei engem Maufel kënnen opzebauen.

Kontakt:
E-Mail: openhomelu@gmail.com
Facebook: Oppent Haus – Open Home

RTL