CGDISAacht Blesséierter bei Accident tëscht Eschduerf a Lëlz

RTL Lëtzebuerg
An engem Accident e Sonndeg am Nomëtteg sinn um CR314 tëscht Eschduerf a Lëlz 8 Mënsche blesséiert ginn. Eng Persoun gouf schwéier verwonnt.
© Domingos Oliveira/ RTL Luxembourg

Géit 16.30 Auer krute sech am Norde vum Land an enger Kéier zwee Autoen ze paken, net wäit ewech vum Stauséi. En Automobilist, dee vun Eschduerf erfort koum, ass an enger Rietskéier op déi aner Spuer geroden, wouduerch et dunn zu der Kollisioun komm ass. A béiden Autoe souze 4 Persounen.

De Samu an d’Air Rescue waren op der Plaz, genee wéi zwou Ambulanze vu Wolz, eng Ambulanz vu Rammerech an zwou weider Rettungsween vum CIS Nordstad. D’Pompjeeën Albesch, Wolz, Gréiwels a Rammerech waren och am Asaz.

Wéi d’Police um Méindeg de Moie bestätegt, gouf 1 Persoun schwéier blesséiert, déi 7 aner mëttel bis liicht.

An engem éischte CGDIS-Bulletin um Sonndeg war rieds vu 5 Blesséierten. Um Méindeg de Moie koum awer e Rectificatif, an deem elo vun 8 Blesséierte geschwat gëtt, wat d’Police dann och esou confirméiert huet.

De Miess- an Erkennungsdéngscht soll déi genee Ëmstänn vum Accident klären.

Back to Top
CIM LOGO