De Georges Vuillermoz koum den 8. Juli 1925 zu Diddeleng op d’Welt. No engem Ingenieursstudium zu Zürich huet et hien awer an eng ganz aner Richtung ageschloen: en Theologiestudium.
Am Zweete Weltkrich gouf en zwangsrekrutéiert. Am Alter vu 27 Joer gouf de Georges Vuillermoz dunn zum Paschtouer geweit, gouf Vikar an der Kathedral a Spezialist fir Kiercherecht.
Seng éischt Erfarung als Aumônier huet den Abbé Vuillermoz am Schraasseger Erzéiungsheem gemaach. Vun 1974 u bis 2011 war hien Aumônier de la Cour Grand-Ducale, dono, mam Titel Aumônier honoraire un der Säit vum Grand-Duc Jean am Schlass vu Fëschbech.
En houfregen Aumônier de la Cour a säi Grand-DucOffiziell a Pensioun war de Georges Vuillermoz vun 2006 un an awer ëmmer nach bei wichtegen Evenementer vun der kathoulescher Kierch derbäi.
Ville Lëtzebuerger ass den Numm “Vuillermoz” bis haut e Begrëff – seng Stëmm huet tëscht 1975 an 2001 op Radio an Tëlee Lëtzebuerg déi reliéis Feierlechkeeten a virun allem d’Sonndesmasse begleet.
D’Bäisetzung ass den 2. November zu Diddeleng.