Dat hanner zouenen Dieren.
De Premier Xavier Bettel huet no enger Sitzung mat de Fraktiounsvertrieder an der Chamber deklaréiert, hien hätt d’Fuerderung vun der Chamber acceptéiert, fir Abléck an de prinzipiellen Accord mam US-Onlinegigant ze ginn. Allerdéngs géing Google als éischt informéiert ginn, fir eventuell ze kucken, ob Elementer aus dem Accord musse geheim bleiwen.
CSV, ADR, déi Lénk a Pirate sinn no der Sitzung an der Chamber um Freideg de Mëtte geschlosse virun d’Mikroen opgetrueden. Si hu begréisst, datt se elo en Abléck an den M.o. U. kréien, well dat zu hirer essentieller Kontrollfunktioun iwwert d’Chamber géing gehéieren.
D’Oppositioun sot zwar, si wier och averstan, datt confidentiel Elementer aus dem Accord no enger Chambersëtzung musse geheim bleiwen. Ee Maulkuerf dierf et awer net ginn, sou den CSV-Deputéierte Laurent Mosar mat op senger Säit d’Deputéiert Gast Giberyen (ADR), Marc Baum (déi Lénk) a Sven Clement (Piraten), mee awer och de Mars Di Bartolomeo.

Den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo war zesumme mat der Oppositioun virun d’Mikroen opgetrueden, well een net soll den Androck kréien, et wier e Kampf tëscht Majoritéit an Oppositioun. Hien huet vu Piste geschwat, wéi an Zukunft d’Chamber Zougank op Accorden tëscht der Regierung an anere Staaten oder Investisseuren kéint reegelen.
De Premier Xavier Bettel huet sengersäits awer gewarnt, et misst een „oppassen, datt et net d’Reegel gëtt, datt iwwert all privat Aktivitéit, déi gär op Lëtzebuerg kënnt, op der ëffentlecher Plaz diskutéiert gëtt, well soss maache mer d’Land zou“.
D’Diskussiounen iwwert den Ëmgank mat Accorden tëscht der Regierung a private Firmen ass also nach net ganz ofgeschloss. Sou hunn d’Piraten zum Beispill nach eng Affär um Geriicht fir dee ganzen Konzessiounsvertrag tëscht dem Staat, der Clt-Ufa, RTL Group a Bertelsmann gewisen ze kréien.
