JughurtsfabrickAbléck an den Dossier Fage bis den 12. August op Rendez-vous

RTL Lëtzebuerg
Vun elo u kann een op der Beetebuerger Gemeng Abléck an den Dossier Fage kréien.
© RTL Archivbild

Interesséiert Bierger kënne sech déi nächst zwou Wochen op Rendez-vous den Dossier ukucke kommen a bis den 10. August schrëftlech, respektiv bis den 12. August mëndlech Reklamatioune beim Schäfferot abréngen.

De griichesche Jughurtproduzent Fage soll eng Fabrick tëscht Beetebuerg an Diddeleng bauen, e Projet, dee scho fir vill Kritik gesuergt huet, notamment wéinst dem potentiell héije Waasserverbrauch.

RTL-NEWS: Wou sinn d’Prozedure bei Google a Fage drun?

Back to Top
CIM LOGO