Aus dem PolicebulletinAbréch a verschiddene Géigenden an zwee alkoholiséiert Automobilisten

RTL Lëtzebuerg
Och d'Ekippe vum CGDIS waren e Freideg den Owend respektiv e Samschdeg de Moie wéinst Tëschefäll am Trafic am Asaz.

An der Nuecht op e Samschdeg krut d’Police an der Stad an zu Téiteng all Kéiers en Auto gemellt, dee Schlaangelinne gefuer ass. A béide Fäll haten d’Chaufferen ze vill gedronk a Protokoll gouf erstallt.

Donieft waren d’Beamten a ganzer 21 Fäll wéinst Stéiere vun der Nuetsrou am Asaz. Déi meescht Situatioune konnten op der Plaz geléist ginn oder waren eriwwer, wéi d’Beamten agetraff sinn. Bei dräi Tëschefäll awer waren déi bedeelegt Persounen esou staark alkoholiséiert, datt si eng Gefor fir sech oder anerer duergestallt hunn. Si hunn d’Nuecht am Passagearrest misst verbréngen.

Da mellt d’Police nach Abréch zu Wuermer, Elleng, Leideleng, Hengescht an an der Stad. Hei war d’Spueresëtzung am Asaz.

De CGDIS huet dann nach en Accident vun e Samschdeg géint 8.30 gemellt, hei krute sech um Houwald zwee Ween ze paken, eng Persoun gouf blesséiert. Um Freideg den Owend gouf dann zu Biergem eng Persoun ugestouss a bei Maarnech war e Motocyclist gefall. Och hei gouf et all Kéiers ee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO