Am Laf vum Dënschdeg respektiv an der Nuecht op e Mëttwoch koum et zu verschiddenen Abréch an Haiser an Autoen.
Update: 08.12.2025 13:37
D’Police notéiert an hirem Bericht verschidden eenzel Tëschefall, dorënner en Abroch an en Haus zu Hollerech an an direkt zwee Haiser zu Conter. Zu Bouneweg gouf dann och nach an en Auto agebrach. An all de Fäll goufen Ermëttlungen ageleet.