
Dat ënner anerem an der Rue du Sellier zu Bartreng. Hei haten d’Brigange versicht, an en Haus anzebriechen. Dobäi goufe si allerdéngs vun engem Bewunner iwwerrascht a sinn doropshi geflücht.
E weideren Abroch gouf et dann um fréie Freidegmoien an der Lonkecher Strooss zu Märel. Hei waren d’Täter an e Lokal agebrach an haten d’Keess geklaut.
A béide Fäll war d’Spueresécherung op der Plaz an et gouf eng Enquête an d’Weeër geleet.