Ermëttlungen ageleetAbréch zu Esch an zu Furen

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt ënner anerem zwee Abréch vun e Méindeg am Nomëtteg.

Eng Kéier zu Esch-Uelzecht an der Rue Leon Weirich. Hei hat den Täter e puer Schief duerchwullt an huet Boergeld geklaut. Och zu Furen war et dem Abriecher gelongen, an en Haus an der Kierchestrooss ze kommen an huet hei d’Saachen duerchwullt.

D’Spueresécherung war ënner anerem op dësen zwou Plazen am Asaz an Ermëttlunge goufen opgeholl.

Um Site vun der Police kritt een nach Rotschléi, wéi ee sech géint Abréch schütze kann.

Back to Top
CIM LOGO