Schong, Laptop a Bijoue geklautAbréch zu Klengbetten an zu Gréiwemaacher an de leschte Stonnen

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, gouf an de leschte Stonnen op e puer Plazen am Land agebrach.
© RTL Archivbild

E Méindeg den Owend hate sech Onbekannter en Zougang an en Eefamilljenhaus an der Rue de Sterpenich zu Klengbetten verschaaft. Do hu si sämtlech Raim duerchwullt. Geklaut goufe Bijouen a Boergeld.

Weider Abréch gouf et direkt an e puer Wunnenge vun engem Appartement an der Iechternacher Strooss zu Gréiwemaacher. Geklaut goufe Schong, e Laptop a Bijouen.

Och an Autoe gouf agebrach

E Méindeg den Owend huet en onbekannten Täter an der Rue Pierre d’Aspelt an der Stad d’Fënster vun engem Gefier ageschloen an huet eng Posch matgoe gelooss.

Dee selwechten Owend gouf en Abroch an en Auto an der Rue de la Semois zu Hollerech gemellt. Hei hat de Brigang versicht, an d’Gefier ze kommen, gouf awer vun engem Foussgänger gestéiert an ass geflücht.

A sämtleche Fäll goufen Ermëttlunge lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO