PoliceAbréch zu Léiweng an zu Stroossen, Auer zu Rodange geklaut

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch am Nomëtteg gouf zu Léiweng an der Rue Joseph Lentz an een Eefamilljenhaus agebrach.

D’Täter hu sech mat de geklauten Objeten aus dem Stëbs gemaach. An der Nuecht op en Donneschdeg gouf et e weideren Abroch, dat an ee Firmegebai an der Route d’Arlon zu Stroossen. A béide Fäll war d’Spueresécherung op der Plaz an eng Enquête gouf lancéiert.

Zu Rodange gouf et an der Nuecht op en Donneschdeg nach e Virfall, bei deem eng Persoun hir Auer geklaut krut a verbal menacéiert gouf. Nodeems den Täter dem Affer d’Auer ewechgeholl hat, huet en de Besëtzer vun der Auer op de Buedem gestouss an ass fortgelaf. Och hei leeft eng Enquête.

Back to Top
CIM LOGO