PoliceAbréch zu Réiser an Dummeldeng, Alkohol um Steier op der A1 an an der Stad

RTL Lëtzebuerg
Um Donneschdeg den Owend gouf e Brigang, deen an engem Haus an der Rue des Fleurs zu Réiser wollt ee Vëlo klauen, vun den Awunner iwwerrascht.

De Mann konnt méi spéit vun der Police fonnt ginn. Déi Saachen, déi hie bei sech hat, goufe saiséiert.

Den nämmlechten Owend war et en Abroch an eng Wunneng an der Rue Comte Joseph de Ferraris zu Dummeldeng, wou onbekannt Täter Bijouen a Posche geklaut hunn. D’Enquête leeft.

Alkohol um Steier

Op der A1 op der Héicht vu Fluessweiler war et um 23.15 Auer een Accident tëscht 2 Autoen. Ee vun de Chauffere gouf an d’Spidol bruecht. Engem anere Chauffer säin Alkoholtest war positiv, säi Permis gouf agezunn.

An der Nuecht op e Freideg gouf eng alkoholiséiert Fra an der Rue Ste Zithe op der Stater Gare der Police gemellt, well si sech an en Auto gesat huet a wollt fortfueren. D’Policepatrull huet d’Fra op der Plaz gestoppt. Hire Permis gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO