Wéinst senger Kleedung erkanntAbriecher gëtt kuerz no senger Dot op der Stater Gare festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Gemellt gouf den Abriecher awer um kuerz no 6 Auer e Samschdeg de Moien an der Rue Robert Schuman. Hie gouf hei op frëscher Dot erwëscht.

Kuerz drop soll den Abriecher zu Fouss geflücht sinn, sou d’Police vun Esch. Majo wëll den Täter bei senger Dot erwëscht gouf, louch eng Beschreiwung vun dësem vir, sou dass d’Police nom Mann gesicht huet. No den éischten Ermëttlunge gouf dunn erausfonnt, dass de Mann op der Gare an der Stad soll sinn.

Verstäerkung gouf säitens der Police ugefrot an de flüchtege Mann konnt du gestallt ginn. Bei der Kontroll goufen déi geklaute Saache séchergestallt, opgrond vu senger Kleedung konnt de presuméierten Täter dunn och identifizéiert ginn.

De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Samschdeg de Mëtteg virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO