
Zu Léiweng gouf e Sonndeg den Owend an een Haus an der Rue de Peppange agebrach. D’Abriecher hunn ënnert anerem Bijoue matgoe gelooss. Op der Gare gouf dann nach an der Nuecht op e Méindeg an ee Lokal an der Rue des États-Unis agebrach, bei deem d’Täter sech mat Boergeld duerch d’Bascht gemaach hunn. A béide Fäll war d’Police op der Plaz an et goufen Ermëttlungen an d’Weeër geleet.
Net just a Gebaier, ma och an Autoe gouf an de leschte Stonnen agebrach, wéi d’Police mellt.
E Sonndeg an der Mëttesstonn hu Krimineller een Auto geknackt an duerchwullt, deen Um Stued zu Reisduerf stoung. Am fréien Owend goufen dann och d’Fënstere vun zwee Autoen, déi um Boulevard Prince Henri an der Stad stoungen, ageschloen.
Wéi d’Police mellt, waren och hei d’Spueresécherung aktiv an d’Beamten hunn d’Ermëttlungen opgeholl.