PoliceAbriecher konnt ermëttelt a festgeholl ginn

RTL Lëtzebuerg
An der Rue Aessen zu Zolwer war e Méindeg de Moie géint 11 Auer eng verdächteg Persoun gemellt, ginn, déi do a verschiddene Gäert gesi gouf.

Nodeems de Mann ugeschwat gouf, huet hie sech ze Fouss a Richtung Esch/Uelzecht duerch d’Bascht gemaach. Duerch eng gutt Beschreiwung, konnt de Mann spéider an engem Bus ermëttelt ginn. Hien hat ënnert anerem Bijoue bei sech, grad ewéi nach aner geklaute Saachen. De Mann gouf verhaft an huet um Dënschdeg Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Déi geklaute Saache kruten d’Besëtzer iwwerdeems zeréck.

Jugendlechen no Abroch gepëtzt

E Méindeg de Mëtteg konnt d’Police dann eng weider Persoun ermëttelen, déi mat grousser Warscheinlechkeet un engem Abroch bedeelegt war. Géint 16.40 Auer ware suspekt Persoune gemellt ginn, déi sech wuel onerlaabterweis Zougang zu enger Wunneng an der Rue Floetscherbach zu Bierden verschaaft haten.

Et gouf direkt eng gréisser Sichaktioun an d’Weeër geleet, dat och mat der Hëllef vum Policehelikopter. Zu Méchela konnt dunn e jonke Mann gepëtzt ginn, deen e sëllege Saache bei sech hat, déi mam Abroch kuerz virdru konnten a Verbindung bruecht ginn. Déi aner presuméiert Abriecher, konnte bis elo net ermëttelt ginn. Et gouf ënnert anerem och nach en Abroch an en onbewunnten Haus zu Méchela. D’Spueresécherung war op der Plaz an d’Enquête ass um Lafen.

Back to Top
CIM LOGO