Zu EttelbréckAbriecher spille Verstoppches mat der Police

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg de Moie gouf der Police een Abroch an een Haus an der Avenue Lucien Salentiny zu Ettelbréck gemellt.
© RTL-Archiv

Op der Plaz ukomm hunn d’Beamten d’Haus duerchsicht. Déi zwee Verdächteg, déi allen zwee nach mannerjäreg sinn, hate sech am Gebai verstoppt, ma konnten noenee fonnt ginn.

Bei enger Kierperduerchsichung hunn d’Beamte bei engem vun de presuméierten Abriecher eng Rei Objete séchergestallt, wärend den anere Verdächtegen eng kleng Quantitéit Haschisch a Pefferspray derbäi hat, déi saiséiert goufen.

Op Uerder vum Parquet goufen déi zwee presuméiert Täter festgeholl an d’Dot gouf zu Protokoll geholl.

Back to Top
CIM LOGO