An der Nuecht op e MéindegAbriecher um Lampertsbierg in flagranti gepëtzt
RTL Lëtzebuerg
De Mann hat géint 1 Auer an der Avenue Pasteur an enger Residence e puer Kelleren opgebrach.
Update: 08.12.2025 13:59
Eng Persoun, déi am Gebai wunnt, hat Geräischer héieren an d'Police geruff. De presuméierten Täter gouf verhaft a koum virun den Untersuchungsriichter.