An der Nuecht op e MëttwochAbroch a Buttek zu Féiz, Kläppereien an der Stad an eng Rei Abréch a Gefierer

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Mëttwoch gouf eng Kläpperei tëscht zwee Männer an der Rue Joseph Junck op der Stater Gare gemellt.

Bei engem vun hinne gouf eng Kugel Kokain an e bëssen Haschisch fonnt. Den anere koum an den Arrest.

Och an der Rue Adolphe Fischer gouf esou eng Kläpperei gemellt. D’Police huet awer just dräi Männer ugetraff, déi randaléiert an aner Leit belästegt hunn. Ee vun hinne war esou aggressiv, datt hien an den Arrest koum.

A Gefierer agebrach gouf déi lescht Nuecht an der Rue de Brill zu Aassel, wou aus zwee Autoe Mënze geklaut goufen. An der Rue Victor Hugo um Lampertsbierg goufe Suen aus engem Auto geklaut.

An der Nuecht op e Mëttwoch war et een Abroch an e Buttek an der Rue du Brill zu Féiz. Ee Jonken ass virun der Police fortgelaf. De 14 Joer Alen huet Handye wechgeheit, déi du vun de Beamte saiséiert gi sinn. De Papp koum säi Fils op de Policebüro sichen.

Back to Top
CIM LOGO