
Wärend de Feierlechkeeten um Virowend vun Nationalfeierdag gouf der Police eng Fra gemellt, déi an engem Lokal am Stater Gronn enger Rei Cliente soll Géigestänn aus de Posche geklaut hunn. Si konnt op der Place de la Gare gestallt an en Deel vun de geklaute Saache séchergestallt ginn.
E Sonndeg am Nomëtteg koum et an der Stater Rue Pierre d’Aspelt zu engem Trickdéifstall, bei deem zwee Männer hiert Affer ugeschwat a virginn hunn, eng Matfuergeleeënheet ze sichen. Dobäi huet ee vun den Täter d’Affer um Aarm ugepaakt a liicht blesséiert. D’Affer huet kuerz duerno festgestallt, datt seng Auer geklaut gouf.
En änlechen Déifstall-Versuch gouf et dee selwechten Nomëtteg an der Rue de la Boucherie. Och hei huet en Täter versicht, d’Affer an e Gespréich ze verwéckelen an huet un deem senger Auer gezunn, ier en du fortgelaf ass. D’Affer huet probéiert, den Täter ze verfollegen, ass dobäi awer liicht blesséiert ginn.
A béide Fäll huet d’Police eng Enquête lancéiert.
E Sonndegowend goufen zwee presuméiert Brigangen an engem Méifamilljenhaus an der Diddelenger Rue Lentz vun engem Resident iwwerrascht a si geflücht. D’Police konnt déi zwee awer stellen.
An der Nuecht op e Méindeg gouf et dann och nach e versichten Abroch an e Café zu Bouneweg, dat an der Rue Pierre Krier. Dem Täter ass et hei allerdéngs net gelongen, eranzekommen. D’Police huet an deem Kontext eng Enquête lancéiert.
Am Kontext vun dësen Abrochversich weist d’Police nach emol op hir Rotschléi hin, mat deenen Dir Iech präventiv viru Brigange schütze kënnt. Dës fannt Dir hei.