Rettungshelikopter am AsazAccident kuerz virun 18 Auer e Sonndeg tëscht Furen an Tandel

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, ass en Automobilist e Sonndeg den Owend mat sengem Won am Gruef gelant.
© RTL Archivbild

Geschitt ass dat Ganzt e Sonndeg den Owend kuerz virun 18 Auer tëscht Furen an Tandel. Den Auto war vun der Strooss ofkomm an engem Gruef gelant. Dobäi gouf et zwee Blesséierter.

Nieft de lokale Secouriste war och de Rettungshelikopter op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO