
En Auto ass do vun der Strooss ofkomm an huet sech iwwerschloen. Nieft de Secouristen aus der Stad a vun Hesper war och de Samu-Noutdokter am Asaz.
Zu Mëlleref gouf et kuerz no 8 Auer iwwerdeems e Brand an enger Kummer vun engem Gebai. D’Pompjeeë vu Steesel, Mamer a Luerenzweiler waren op der Plaz. Et blouf hei beim Materialschued.
Op der A13 tëscht Schëffleng a Keel krute sech en Dënschdeg de Moien um kuerz no 9 Auer e Camion an en Auto ze paken. Zwou Persoune goufen hei blesséiert.