Areler AutobunnAccident mat dräi Blesséierten, Samu am Asaz

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale goufen e Freideg direkt dräi Persounen an engem Accident op der Areler Autobunn géint 18.30 Auer blesséiert.

Tëscht dem Wandhaff a Stengefort waren zwee Autoen aneneegerannt. Ënnert anerem de Samu war op der Plaz. Donieft gouf ee Mënsch verwonnt, wéi tëscht Mënsbech an dem Cargo Center en Auto kuerz no 22 Auer accidentéiert ass. Soss Detailer leie keng vir.

Back to Top
CIM LOGO