
Zu Diddeleng haten Hecken a Gestrëpps Feier gefaangen an e Koup Offall gebrannt. Zu Dikrech war eng Poubelle a Brand geroden. All Kéiers waren déi lokal Asazzenteren op der Plaz.
Kuerz virun 18 Auer gouf et awer och dräi Blesséierter zu Keel, wéi sech an der Rue Notre Dame zwee Autoen ze pake kruten. D’Secouriste vun Keel, Esch an Diddeleng waren op der Plaz.