
E Freideg den Owend ass et géint 19.30 Auer op der N22 tëscht Useldeng an Iewerleng zu engem méi uergen Accident komm, wéi en Automobilist an enger Rietskéier d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer huet an zwee aner Ween frontal ze pake krut.
De Coup war esou grouss, datt d’Autoen deels staark beschiedegt goufen. Fënnef Persoune goufe beim Accident deels schwéier blesséiert, eng dovunner esouguer liewensgeféierlech. Op Nofro bei der Police huet et geheescht, datt dës Persoun nach an der Nuecht noutoperéiert gouf.
De Parquet vun Dikrech huet déi dräi Ween saiséiere gelooss.
D’Ekippe vu Réiden, der Nordstad, der Fiels, Useldeng, Biissen de Rettungshelikopter an de Samu vun Ettelbréck waren hei am Asaz.
Da kruten direkt zwee Autoen e Bam ze paken, datt eng Kéier zu Nidderkuer an der Käerjenger Strooss an um CR310 tëscht Holz a Flatzbuer. A béide Fäll gouf eng Persoun blesséiert.
Um Samschdeg de Moie gouf dann eng Persoun um Lampertsbierg an eng Stroossebotzmaschinn gerannt. Hei gouf eng blesséiert Persoun vun de lokalen Ekippe behandelt.