SchierenAccident mat Drogen am Spill

RTL Lëtzebuerg
D'Police gëtt Detailer zu engem Accident e Freideg den Owend géint 18.30 Auer der Nordstrooss zu Schieren.

Hei koumt et zu engem Accident mat méi Gefierer, bei deem zwou Persoune blesséiert goufen. Ee vun de Chauffere wier ënner Afloss vun Droge gewiescht a krut säi Permis ofgeholl.

Da mellt d’Police a sengem Bulletin en Accident an der Fiels. Hei handelt et sech awer ëm de selwechten Accident, dee schonn en Donneschdeg den Owend gemellt gouf, sou op d’Nofro de CGDIS. Hei war en Automobilist bei engem Accident schwéier blesséiert ginn.

De Chauffer wier kuerz virun 21 Auer en Donneschdeg vun der Strooss ofkomm an an e Bam gerannt. Hien huet missen aus dem Auto befreit ginn a koum schwéier blesséiert an d’Spidol. Eng Enquête gouf opgemaach.

Back to Top
CIM LOGO