
Géint 17.45 Auer krut en Automobilist an der Rue Jea-Pierre Michels zu Esch e Foussgänger ze paken. Wéi de CGDIS mellt, gouf eng Persoun verwonnt.
Um 20.20 Auer krute sech um Belair e Moto an en Auto ze paken. Och hei gouf et ee Blesséierten.
Gebrannt hat et och nach. Dat eemol zu Lellgen an der Duerfstrooss, wou e Kamäin Feier gefaangen hat, an nach emol zu Schëffleng. Do stoung eng Wäschmaschinn a Flamen.