
Dësen huet sech awer net als “normalen” Accient erausgestallt.
De Won war ënner anerem an e Stroumverdeeler gerannt an hat zwee aner Gefierer ze pake kritt. No éischten Ermëttlungen huet sech erausgestallt, dass et sech ëm, ee geklaute Won géing handelen.De Chauffer gouf doropshin vun der Police gestallt. En Alkoholtest war dunn och nach positiv an hie krut de Permis ewechgeholl.
Zum Schluss gouf nach de Parquet informéiert, deen ordonéiert huet, de Mann soll festgeholl ginn. Hie koum nach den Dag selwer virun den Untersuchungsriichter.