
De CGDIS mellt e Freideg de Moien um 8.35 Auer en Accident tëscht zwee Autoen zu Wilwerdang. Zwou Persoune goufe blesséiert. Op der Plaz war d’Ambulanz an de CIS Ëlwen.
Zwee Accidenter mat zwee Blesséierten en Donneschdegowend
Am Lokale mellt de CGDIS och nach een Accident um kuerz no 18.30 Auer op der A3 an een Accident um kuerz virun Hallefnuecht op der A13.
Kuerz virun Hallefnuecht war en Donneschdeg den Owend op der A13 an Direktioun Schengen een Auto an d’Leitplanke gaangen. Eng Persoun gouf blesséiert, ëm déi sech d’Secouriste vu Péiteng a Käerjeng gekëmmert hunn.
Géint 18.40 Auer gouf et eng Kollisioun tëscht zwee Gefierer op der A3 an Direktioun Metz. Hei gouf et ee Blesséierten. Op der Plaz waren d’Rettungsekippe vu Beetebuerg an Diddeleng.