ZeienopruffAccident no Verfollgungsjuegd zu Gilsdref

RTL Lëtzebuerg
Géint 0.45 Auer e Freideg an der Nuecht huet en Automobilist en Accident verursaacht, wéi hie virun der Police geflücht ass.

Wéi et vun der Police heescht, hätt de flüchtege Chauffer versicht, sech enger Kontroll ze entzéien. Doropshi wier et zu enger Verfollgungsjuegd komm.

Éischten Informatiounen no wier den Automobilist an enger S-Kéier zu Gilsdrerf an en Auto gerannt, deen him entgéintkomm ass a wier duerno an e weideren Auto geschleidert ginn.

Wien eppes beobacht, an Informatiounen iwwert den Accident huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat Dikrech/Veianen ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 80 1000 oder via Mail op police.diekirchvianden@police.etat.lu

Back to Top
CIM LOGO