
Dat huet dozou gefouert, dass d’Autobunn Richtung Stad no der Sortie Colmer-Bierg fir den Trafic huet musse gespaart ginn an et huet ee mussen d’Sortie Colmer-Bierg huelen. Déi Autoen, déi nach am Beräich tëscht dem Accident an der Sortie Colmer-Bierg stoungen, ware géint 11.40 Auer duerchgelooss ginn.
Duerch den Accident hat sech e Réckstau gebilt.

Kuerz viru Mëtteg koum d’Meldung, dass den Accident geraumt ass, d’Pannespuer an déi riets Spuer awer bis op Weideres gespaart géife bleiwen.
Weider Detailer sinn aktuell net bekannt.