Am BeruffstraficAccident op der Tréierer Autobunn hat fir Problemer am Trafic gesuergt
Zwee Ween hate sech nämlech géint 8.30 Auer tëscht Fluessweiler a Mënsbech ze pake kritt an d'Iwwerhuelspuer war doduerch blockéiert.
Éischten Informatiounen no gouf eng Persoun blesséiert, de CGDIS wéi och d’Police waren op der Plaz. De Réckstau a Richtung Stad war séier op e puer Kilometer gewuess.