
Bei dësem Virfall gouf et zwee Blesséierter, ëm déi sech d’Secouriste vu Stengefort, Béiwen, Tënten an aus der Nordstad gekëmmert hunn.
Méi spéit am Dag géint 14.46 Auer koum et dann nach zu engem Accident mat zwee Gefierer an der Stad um Rond-point Robert Schaffner. Eng Persoun gouf hei blesséiert, d’Stater Rettungsdéngschter waren am Asaz.
E weideren Accident mat zwee Autoe gouf kuerz drop um 15.07 Auer an der Rue des Trois Cantons zu Wickreng. Och hei ass eng Persoun blesséiert ginn. Op der Plaz waren d’Ambulanz vun Esch an d’Pompjeeë vu Monnerech.